Aller au contenu

Literatour / Liesungen zu Leideleng

Ouschterméindeg, den 21. Abrëll ëm 5 Auer zu Leideleng

Ray a Rondel,
Ballon a Bees

Zackeg Geschichten an enger faarweger TIMBA-Liesung

Literaresch Ouschtereeër! Kommt an entdeckt véier Kuerzgeschichten aus der TIMBA-Serie an enger ofwiesselungsräicher Liesung op Lëtzebuergesch:
 

Romain Haas: Am Ballon iwwer Lëtzebuerg, Timba 20
Cathy Clement: Rondel, Timba 21
Jérôme Netgen: Komm zeréck, Stevie Ray, Timba 23
Christiane Kremer: Gëff mer keng Bees, Timba 24
Moderatioun: Luc Marteling

 

No der Serie SMART mat antëscht méi wéi 37.000 verkaaften Exemplairen huet Kremart Edition seng zweet Serie mat Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch ofgeschloss:
TIMBA si 24 Bichelcher mat 40 Säiten fir 4 Euro, déi an onreegelméissegen
Ofstänn erauskomm sinn – all faarweg, all zackeg an all op hir Manéier eenzegaarteg.
Eng Zesummenaarbecht vun de Gemenge Beetebuerg a Leideleng,
am Kader vum LiteraTour2025 a mat der Ënnerstëtzung vum Cercle Culturel
et Historique de Leudelange an dem Verlag Kremart Edition.
Ouschterméindeg, 21. Abrëll, 17 Auer
Kulturzentrum „an der Eech“ (4–6, rue Eich zu Leideleng)
Fräien Entrée, barrièrëfräien Accès

Reservatioun: 51 16 06 -8001 oder deforum@elisabeth.lu

17:00

19:30

Centre Culturel et Sociétaire « an der Eech »

Date et lieu

du 13 March 2025 - 17:00
au 13 March 2025 - 19:30
Centre Culturel et Sociétaire "an der Eech"
4-6, rue Eich, L-3352 Leudelange

Partager