Konferenz Mobbing am Schoulalldag
INVITATIOUN
De Buergermeeschter- a Schäfferot vun der Gemeng Leideleng, an Zesummenaarbecht mat der Kommissioun Maison Relais/Schoulrestaurant invitéieren Iech op d’Konferenz:
Mobbing am Schoulalldag
Mobbing ass e Prozess, deen ëmmer gewaltvoll ofleeft an dee vill Schüler alldeeglech an de Schoulen erliewen. Mobbing gëtt awer oft net vum Schoulpersonal oder vun den Eltere wouer geholl, well dëse Prozess seelen oppen ausgefouert gëtt. Wann Erwuessener oder Matschüler d’Prozesser bemierken, wëssen se dacks net, wéi se sech dergéint wiere sollen a wéi se d’Opfer schütze kënnen. Si fille sech hëlleflos. Bei dëser Konferenz gëtt den Oflaf vum Mobbingprozess erkläert, op d’Gefore vum Cyber-Mobbing opmierksam gemaach, Aktiounsméiglechkeete vun den Elteren a vum Schoulpersonal proposéiert an et gi Léisungsapprochen erkläert, fir dem Mobbing a Cyber-Mobbing entgéint ze steieren.
(D’Konferenz ass op lëtzebuergesch)
Marie-Anne dite Manette Kayser
Médiatrice agréée
Collaboratrice du projet stop-mobbing / MENJE
Enseignante
–––––––––––––––––––––––––––––––––
INVITATION
Le Collège des Bourgmestre et Echevins de la Commune de Leudelange en collaboration avec la Commission Maison Relais/Restaurant scolaire vous invite à la conférence :
Le harcèlement à l’école
Le harcèlement est un processus toujours violent et nombreux sont les élèves qui sont quotidiennement confrontés à ce phénomène à l’école. Rares sont les enseignants ou les parents qui s’en rendent compte ; en effet, le harcèlement passe souvent inaperçu. Lorsque les adultes ou les élèves en prennent conscience, ils ne savent pas toujours comment réagir ou protéger la victime. Ils se sentent désemparés. La conférencière expliquera le processus du harcèlement, elle attirera l’attention sur les dangers du cyber-harcèlement et proposera des moyens d’intervention pour lutter contre ces formes de violence.
(Conférence en langue luxembourgeoise)
Marie-Anne dite Manette Kayser
Médiatrice agréée
Collaboratrice du projet stop-mobbing / MENJE
Enseignante