Besoin de quelque chose ?

Praktesch Infoblat

De Buergermeeschter- a Schäfferot vun der Gemeng Leideleng informéiert:

De COVID-19, oder Corona Virus ass eng geféierlech Infektiounskrankheet.

Am Moment gëtt et nach keen Impfstoff dogéint. Wat kann een dogéint maachen?

Wichteg Grondregelen sinn:

  • Bleift doheem!
  • Wann Dir virun Dier musst, haalt een Ofstand vun minimal 2 Meter zu anere Leit.
  • Keen direkten Kontakt zu aneren Leit.
  • Haalt Iech strikt un Regelen vun der Hygiène.
  • Wäscht är Hänn regelméisseg a grëndlech mat Seef.
  • Haalt Iech un d‘Instruktioune vun der Regierung a vun der Santé.

Installatioune vun der Gemeng

  • Büroen vun der Gemeng Leideleng sinn fir de Public zou.
  • De Kultur- a Veräinsbau “an der Eech” an d’Sportshal sinn zou.
  • Schoul, Maison Relais a Museksschoul sinn zou bis viraussiichtlech den 19. Abrëll 2020.
  • Den Recycling Park vun der Gemeng Leideleng ass zou.
  • All ëffentlech Ariichtungen, Spillplazen, Installatioune fir Fräizäit oder Fitness, Jugendhaus an och de Scoutschalet sinn zou.
  • Bicherbus a Late Night Bus funktionéieren am Moment net.
  • All ëffentlech Manifestatioune vun der Gemeng a vun de Veräiner sinn ofgesot oder reportéiert, geneesou wei de Frëschmaart.
Dat heescht awer net dass är Gemeng net funktionéiert!

Mir mussen eis awer anescht organiséieren fir de Risiko sech unzestiechen sou geréng wei méiglech ze halen.

​​​​​​​Mir bidden Iech un:

Dir kënnt eis erreechen iwwer Telefon, Mail oder an dréngenden Fäll ee Rendezvous ofmaachen. Hei sinn déi wichtegst Nummeren:

Centrale téléphonique : 37 92 92 – 1

Etat civil : 37 92 92 – 208

Service technique : 37 92 92 – 444

contact@leudelange.lu

 

All Noutdéngschter Police, Ambulanz, Pompjeeën funktionéieren a sinn ënnert der normaler Noutruffnummer 112 oder 113 ze erreechen.
 

Är schwaarz, blo, brong a gréngPoubellen ginn wei gewinnt weiderhin regelméisseg eidel gemaach. Vergiesst also net se virun Dier ze stellen.
 

Gemeng huet och hiren Service Mëttegiessen op Rieder ausgebaut. Gülteg fir Awunner iwwer 60 Joer, oder fir vulnérabel Persounen.

Gemeng probéiert Ich an den nächsten Deeg een Akaf-Service fir Leit iwwer 60 Joer, oder fir vulnérabel Persounen z’organiséieren.

Eng Fitnessoffer mam Paco Ramirez – Gymnastik um Stull. All Wochendag vun 15h00 bis 15h30 ze gesinn op facebook.
 

Haalt Iech weider informéiert iwwert d’Entwécklung vun der Situatioun op Radio an Télé oder sms2citizen an facebook.