Besoin de quelque chose ?

Actualité
Publié le 09.05.2020 à 16:41

Gemeng Leideleng - solidaresch mat alle Gemengen fir en Europa mat oppene Grenzen

9. Mee 2020 - Europadag - Fir en Europa mat oppene Grenzen

Aleedung a Kontext

Kuel a Stol. Dat war den Ufank. An dem Robert Schuman seng Deklaratioun vum 9. Mee 1950. Haut op den Dag viru 70 Joer. De Schuman koum hei zu Lëtzebuerg op d’Welt. Hie gëllt als ee vun de Grënnungspäpp vun Europa, wéi mir et haut kennen. D’Belsch, Däitschland, Frankräich, Holland, Italien a Lëtzebuerg hunn 1952 nom Plang vum Robert Schuman d’Europäesch Gemeinschaft fir Kuel a Stol (CECA) geschafen. Domadder gouf net nëmmen de Fridden tëschent dëse Länner assuréiert, mee virun allem de Grondstee fir déi spéider Europäesch Unioun geluecht.

Déi selwecht sechs Länner hunn 1957 eng Wirtschaftsgemeinschaft an d’Liewe geruff. Dorauser ass d’Europäesch Gemeinschaft (EG) entstanen. Ëmmer méi Länner koumen derbäi. Am Joer 1993 ass mam Vertrag vu Maastricht d’Europäesch Unioun (EU) gegrënnt ginn. Haut nennen eppes Klenges méi wéi 500 Millioune Leit d’EU hiert Doheem.

Dann ass do nach Schengen. Duerch d’Ofkommes vum 14. Juni 1985, viru 35 Joer, huet dat klengt Wënzerduerf am Dräilännereck et fäerdeg bruecht, weltwäit bekannt ze ginn. Schengen steet fir fräie Gidder- a Persouneverkéier. Schengen ass e Meilesteen. Fir all déi Leit, déi an deem Raum liewen. Well Schengen steet fir en Europa mat oppene Grenzen. A fir Frëndschaft.

A genau dat Europa huet an de leschte Wochen zolidd Téitsche krut. Well deem engen an deem aneren op eemol d’Haut méi no war wéi d’Hiem. Wuel kee konnt sech a senge kéngsten Dreem virstellen, datt eng Rei Nationalstaaten erëm géinge Barrièren opriichten a Kontrolle maachen, déi de Passage vun engem Land an dat anert erschwéieren oder onméiglech maachen.

Deklaratioun fir den 9. Mee 2020

Fir en Europa mat oppene Grenzen

Europa huet dat zesummebruecht, wat zesumme gehéiert. Europa, dat ass en Zesummeschaffen an en Zesummeliewen. A kee soll d’Recht hunn, d’Leit an hir Liewensgewunnechten duerch Grenzen ze blockéieren.

Europa, dat sinn Honnerte vu gemeinsamen Aktiounen a Projeten, déi op kommunalem, lokalem a regionalem Plang ëmgesat ginn. Europa, dat si Frëndschaften a Partnerschaften, déi wäit iwwert d’Grenze vun de jeeweilege Länner erausginn. Firwat soll all dat elo beim Kampf géint d’Verbreede vun engem Virus ausser Kraaft an domadder op d’Spill gesat ginn?

Reesen ouni Grenzkontrollen. Sech sécher fillen an een deem anere vertrauen. Europäer ze sinn, bedeit zënter 75 Joer, ouni Krich kënnen ze liewen. Mat ville Fräiheeten, Garantien a Rechter. All dat baséiert op wirtschaftlecher a politescher Stabilitéit. An op der Solidaritéit ënnerteneen. Wéi dat elo zënter Joerzéngten Usus ass ënner gudden Noperen.

Europa ass awer virun allem och en Europa vun de Bierger. Onofhängeg dovunner, ob si déi eng Säit oder déi aner Säit vun de Landesgrenze liewen. Europa ass och en Europa vun de Gemengen a vun de Stied. Well et ass do, wou d’Leit doheem sinn a liewen.

Duerfir och dëse Message vun de Lëtzebuerger Gemengen a Stied zesumme mat hirem Daachverband, dem SYVICOL.

Europa soll bleiwen, wat et ass. Eng staark Unioun!

Déi Unioun gëtt, wéi vill aner Liewensgemeinschafte weltwäit, de Moment vun engem Virus op d’Prouf gestallt, mee duerfir brécht se elo awer net auserneen. Well duerfir sinn all déi Verbindungen ze staark an d’Solidaritéit ze grouss.

Haut op dësem 9. Mee 2020, dem Europadag, genau 70 Joer nom Robert Schuman senger Deklaratioun, halen d’Lëtzebuerger Gemengen zesumme mat hire jeeweilegen Nopeschgemengen aus Däitschland, der Belsch a Frankräich den europäesche Gedanke ganz héich.

Mat engem staarke Message a mat engem symbolesche Geste gëtt den Europafändel eropgezunn.

An och aus Stolz op eng Liewensgemeinschaft, déi esou vill ze bidden huet.

Duerfir: Fir en Europa mat oppene Grenzen. D’Bierger vum ale Kontinent kennen a wëlle keen anert Europa!

Diane BISENIUS-FEIPEL, Buergermeeschtesch
Jean-Paul SUNNEN, Schäffen
Raphaël GINDT, Schäffen