Schäfferotserklärung

SCHÄFFEROTSERKLÄRUNG

2018 - 2023

 

 

Verkéier a Mobilitéit

 Leideleng brauch eng Weiderentwécklung vum Verkéierskonzept:

 - Mir striewen eng laangfristeg Verkéiersberouegung virun allem am Zentrum un. D’Iddi vun engem „Shared Space“ virun der Gemeng - mat enger „Zone 30“ bei der Place du Lavoir an dem zukünftege Schoulcampus, berouegt den intensiven Transit vum Verkéier am Duerfkär, fir d’Sécherheet an d‘Liewensqualitéit vun de Matbierger ze garantéieren.

 - Doriwwer eraus sëtze mir eis weiderhin bei de staatlechen Instanzen dofir an, dass och Leideleng eng Emgehungsstrooss kritt. Souguer wann des Optioun momentan vu staatlecher Säit keng Ënnerstëtzung fënnt, si mir der Meenung, dass mir an dësem Punkt net vun eiser Visioun ofrécken däerfe. Mat Engagement an Ausdauer bléiwe mir un der Iddi „Eng Emgehungsstrooss fir Leideleng ze bauen“ drun.

 - D’Optioun vun der Vëlos- an E-Bikelocatioun am Kader vun der Zesummenaarbecht vun de Gemenge ronderëm d’Stad erweidert d’Offer vun den Transportméiglechkeeten an eiser Uertschaft. Och d’Vëlospistë ginn ausgebaut, fir de Bierger eng ideal Verbindung tëscht de Nopeschgemengen ze bidden. Vëlosboxen op der Gare vervollstännegen d’Offer.

 - Den offensichtlechen Abus vun onsem ëffentleche Parkraum erfuerdert d’Aféierung vun engem Parking residentiell. D’Interventioun vum traditionelle Agent municipal wäert allen Awunner eng agreabel Parksituatioun erméiglechen, sou datt d’Wunnstroosse vum Trafic entlaascht ginn.

 - Mir setzen eis an fir d’Moderniséierung vun de Stroosseninfrastrukturen. D’Upasse vun de Begebenheete bleift fir eis eng Prioritéit. D‘Trottoirserweiderung an der rue du Lavoir as e konkret Beispill, fir dësen Usproch ze ënnersträichen.

 - D’Erneiere vu der Stroossebeliichtung duerch zäitgeméiss LED-Luuchte verbessert d’Qualitéit vun der Beliichtung a leescht e wichtege Beitrag fir d’Energiekäschten ze senken an e Beitrag zur Reduzéierung vun Zäregasen ze leeschten.

 - Doriwwer eraus ënnerstëtze mir den ëffentlechen Transport: Am Laf vum Joer gouf schonns eng Mobilitéitskampagne an der Aktivitéitszone gemaach, fir d’Leit ze sensibiliséieren den ëffentlechen Transport méi ze benotzen. Fir eng besser Ubannung un den ëffentlechen Transport ze garantéieren, ginn déi bestoend Buslinnen erweidert an de Bau vum Tram bis op Leideleng ënnerstëtzt.

 - Nei Busarrête mat Bushaisercher, déi elektronesch uweisen, wéini den nächste Bus kënnt, vereinfachen den Alldag vun de Benotzer vum ëffentlechen Transport.

 - An enger Etude iwwerpréiwe mir, ob de Bau vun engem Parkhaus an der Aktivitéitszone vu Virdeel ass oder éischter e Magnéit fir nach méi Automobilisten gëtt an eis Verkéiersproblematik vielläicht nach mei verschäerfen deet.

 - Baulech Mesuren an den Agäng vum Duerf, z.B. an der rue de la Vallée, rue de Roedgen, route d‘Esch, route de Luxembourg a rue de Cessange, ginn an d’Weeër geleet fir de Verkéier ze berouegen.

 Urbanismus a Wunnen

 - D’Wunnen an eiser Gemeng soll attraktiv fir all Generatioune bleiwen. Duerch nei erschloss Wunnzonen am Duerfkär, wéi um Schléiwenhaff, wei awer och Konzepter, wéi de Remembrement „ A Stempels“, soll d’Wunnen zu Leideleng dem demographesche Wuesstem zu Lëtzebuerg Rechnung droen, ouni dass de ländleche Charme drënner leit. Doriwwer eraus gëtt an d‘Lotissementer de soziale Wunnengsbau integréiert, sou datt eng fair Wunnsituatioun fir all Matbierger entsteet.

 - D'Revisioun vum Périmeter ass eis en Uleies, fir dass nei Entwécklungen afléisse kënnen. Mir sinn vir e kontrolléiert Wuessen: Quantitéit jo, awer net op Käschte vun der Qualitéit. Duerch e gezielt geplangten Urbanismus bleift den Duerfcharakter erhalen. Mir setzen op d’Bannenentwécklung vum Duerf, éier mir drun denken de Périmeter ze erweideren. Mir vermeiden, an d'Natur eran ze plangen an ënnerstëtzen esou och eng besser Vernetzung vun de Weeër.

 - D‘Neigestaltung an d‘Opwäertung vum Duerfkär ass eis Prioritéit. Nieft der Verwierklechung vun engem moderne Schoul- a Sportcampus soll duerch d‘Intégratioun vun der Place du Lavoir een Zentrum entstoen, deen ee gesellegt a liewegt Duerfliewe fördert. Zesumme mat de Bierger entwéckele mir tëscht der Gemeng an der Kierch eng Duerfplaz, déi soll d’Häerzstéck vu Leideleng ginn. Eng Plaz fir Evenementer – eng Plaz fir e Plus un Liewensqualitéit – eng „Duerfplaz vun der Konscht a Kultur“, wou d’Leit wëlle verweilen an hir Zäit verbréngen.

 Finanzen

 Déi positiv, finanziell Entwécklung vun eisem kommunale Budget erlaabt eis nei Dépense mat Mooss, z.B. fir eisen Duerfkär ze gestalten an opzewäerten. Mir verpflichten ons weiderhin beduecht an d‘Zukunft vu Leideleng ze investéieren, ouni awer oniwwerluechte Projeten an d’Liewen ze ruffen.

 Kanner a Jugend

 - D’Finaliséiere vum Schoulcampus ass fir eis primordial. Nom Ofschloss vun der 1. Phase vum Bau vun der multifunktioneller Schoul / Maison-Relais (2019) gëtt di zweet Phase vum Projet lancéiert: de Bau vun engem weidere Schoulgebai (op der Plaz vun der Spillschoul) fir den Cycle 1 an 2, souwei och vun engem ënnerierdesche Parking mat 60 Plazen.

 - Nieft den erweiderten a moderniséierte Spillplazen zu Leideleng, setze mir eis dofir an, dass och déi Jugendlech hiren Aktivitéitsberäich weider ausgebaut kréien. D’Erriichte vu Klammwänn an engem Skatepark wiere Projeten, déi mir ëmsetze wëllen.

 - E „Jugendforum“ soll eise jonke Matbierger d’Méiglechkeet bidden, sech intensiv un der Gestaltung vun der Gemeng ze bedeelegen an matwierken fir Leideleng ee méi jonkt an dynamescht Gesiicht ze ginn, oder iwwer aktuell Themen, wei zum Beispill iwwer d’Aféieren vun engem LateNightbus matzediskutéieren.

 Drëtten Alter

 - De Projet Betreit wunnen / Maison de Soins um Geierbierg, dee laang op sech waarde gelooss huet, steet virun senger Verwirklechung. Dëst Joer ass de Bauhär, wéi och de Bedreiwer vun de Gebailechkeete bestëmmt ginn an mat der Realiséierung beoptraagt ginn.

 D’Verwierklechung vum Gebai wäert lo schnellsten ëmgesat ginn. D’Leidelenger Awunner kënnen schonn eng Prescriptioun maachen. Doriwwer eraus sollen verschidden Infrastrukture wéi de Festsall, kleng Commercen am Haus an d‘Spazéierweeër ronderëm vun allen Awunner genotzt kënne ginn.

- Informatiounsowenter, Weiderbildungscoursen, z.B. Informatikscourse fir den 3. Alter, an divers kulturell Evenementer a Fester sollen och weiderhin all eis Matbierger an d’Duerfliewen integréieren.

 

 Kultur, Kommunikatioun an Integratioun

 

- D’Beräicher Kultur a Konscht leien eis um Häerz. (Open Air) Ausstellunge solle verstäerkt an d’Liewe geruff ginn. Um Schoulcampus wéi och bei der zukünfteger Gestaltung vun der Place du Lavoir solle Konscht a Kultur Raum kréien an d’Duerfliewe beräicheren. Zesumme mat de Bierger a Biergerinnen, jonk wéi manner jonk, kënne Projete lancéiert ginn, di Leideleng als „Duerf vun der Konscht“ opliewe loossen. Eng Iddi wier hei eng temporär Konschtausstellung um Rond-Point am Agang vu Leideleng.

 

- Den Internetsite vun der Gemeng gëtt erneiert fir d'Mediepräsenz ze verstäerken, an de Matbierger eng komfortabel an effizient Méiglechkeet ze bidden, verschidden Déngschtleeschtunge vun der Gemeng an Usproch ze huelen an mat de Gemengevertrieder a Kontakt ze trieden.

 

- D’Integratioun vun eisen neien an auslännesche Matbierger gëtt duerch eng vereinfacht Sproochevermëttlung ënnerstëtzt an d‘Zesummenliewe, wéi och den Austausch duerch d‘Organisatioun vun Evenementer an d’Veräinsliewe gefördert. D‘Kommissioune vun der Gemeng bidden de Kader, fir datt d’Leit um Terrain kënne mat schwätzen a mat decidéieren.

 

 

Natur an Ëmwelt

 

- Weider Projete ginn mat dem Sicona an Ugrëff geholl, wéi z.B. d‘Amenagement vun neien Openthaltsplatzen (Weier am Bann), d‘Renaturéierung, eng regelméisseg Fleege vun eise Bësch- a Vëlosweeër an d’Installéiere vun neie Bänken lanscht d’Spazéierweeër.

 

- Beim Bau vun der Schoul gëtt op d’Geothermie gesat. Nieft der Erdwiermt, soll och d’Sonnenenergie genotzt ginn. Eng Photovoltaikanlage gëtt um Daach vun der Schoul nom Ofschloss vun der 2. Bauphase installéiert.

 

- De Leidelenger Recyclingszenter, geschätzt vun de Bierger, gëtt den aktuelle Bedierfnesser ugepasst, sou dass och an Zukunft eng adequat Entsuergung garantéiert ka ginn.

 

 - Des weideren soll Leideleng och e Bëschkierfecht kréien, wou d’Leit hier läscht Rou an der Natur kënne fannen.

Schäfferotserklärung 2018-2023

macommune.lu
© Administration Communale de Leudelange